top of page

NOX-WÄERTER 2023:    Duerschnettswert : 25 μg/m3

Seit Mëtt 2016 ginn d'NOx-Wäerter systematesch mat enger fixer Miesstatioun kontrolléiert.

De recommandéierten Grenzwäert vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) läit bei  40 ug/m3.

D’BIGS, MOUVECO Régional-Sud an natur&ëmwelt asbl Gemeng Suessem hunn den 24. Juni 2020 op hierer gemeinsamer Pressekonferenz nach emol nogewissen, dass 2018, wéi an der Chamber d‘Gesetz zum Finanzement vum Käerjenger Contournement gestëmmt gouf, gelu gin ass, wéi behaapt gouf, d’NOX-Wäerter wären dramatesch geklommen a léichen um Duebelen vun den zougeloossene Wäerter, nämlech bei 80 μg/m3!!

Den Transportminister François Bausch hat 2018 d'ganzt Land belunn an och 2020 huet hien nees gelunn wéi hien an senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ouni ze zécken uginn hat, dass d’NOx-Wäerter „actuellement“ bei 57 μg/m3 géingen leien – e Wäert deen tëschent 2010-2011 gemooss gi wuar an fir d‘éischt 2012 genannt gouf – also virun 8 Joer !! Spéider huet hien eng "erreur matérielle" zouginn.

2017 - 38 μg/m3 duerchschnettlech NOx-Wäerter* ,
2018 - 42 μg/m3 (a net wéi behaapt bei 80 μg/m3 !!)
2019 - 38 μg/m3
2020 - 29 μg/m3

2021  -27 μg/m3

2022 - 25 μg/m3

2023 - 25 μg/m3

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat hirersäits schonn 2919, an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ugekënnegt, dass d’NOx-Wäerter viraussiichtlech géingen wesentlech erofgoen, wat jo dann och agetratt ass.

D'BIGS an MOUVECO Régional-Sud, Natur&Ëmwelt Gemeng Suessem an YOUTH FOR CLIMATE fuerderen:

  • e Moratoire fir d’Ausschaffen vum APD (avant-projet détaillé) fir de geplangten Contournement vu Käerjeng;

  • en STOP vun alle Pläng an eng direkt Ëmsetzung vun de versprachenen Verkéiersberouegungsmoossnamen vu Säite vum Staat a vun der Käerjenger Gemeng fir d’Schuedstoffbelaaschtung ze reduzéieren;

  • Transparenz a Richtegstellung  vun de Miessungen duerch déi Verantwortléch!

gruene Welle_recad.png
Bus_2.png
Parkhaus.png
bottom of page