Communiqué – Ëmweltopoen KRONOSPAN Sanem – September 2025 (DE/FR)
D’BIGS an de Mouvement Ecologique fuerderen an engem gemeinsamen Communiqué, datt KRONOSPAN endlech seng Ëmweltopoen respektéiert a sech regelméissegen Kontrollen ënnerwerft, well trotz widderholten Mängel-Feststellungen d’Belaaschtunge duerch Kaméidi, Stëbs a Geroch fir d’Awunner vu Suessem a Differdeng weiderbestinn. Si verlaangen d’Schafung vun engem transparente Comité d’accompagnement, analog zu ARCELOR-MITTAL, mat Vertrieder vu KRONOSPAN, der Ëmweltverwaltung, de Gemengen a béide Biergerinitiativen. D’Zäit vum Palaver wier eriwwer, et misste konkret Schrëtt geholl ginn am Interêt vun den Awunner an der Belegschaft.