Falsch gemoossen NOx-Wäerter sollten de Bau vum Contournement rechtfäerdegen
An der 1. Autorisatioun vum 31.Juli 2016 gouf de Contournement mat engem NOx-Wäert vu 57 μg/m3 an der avenue de Luxembourg zu Käerjeng begrënnt. (En Zoufallswäert deen tëschent 2010-2011 gemooss gi wuar). Ouni Contournement wir dee Wäert net ënnert den europäische Grenzwert vun 40 ug/m3 ze drécken. Dat wir déi „raison impérative d’intérêt publique majeure“ laut der europäischer Habitat-Direktiv fir de Contournement ze bauen.
Seit Mëtt 2016 ginn d’NOx-Wäerter systematesch mat enger fixer, homologéierter Miesstatioun kontrolléiert. Publizéiert ginn se awer eréischt vun Enn 2018 un, um Site vun der Ëmweltverwaltung. Hei ënne fann dir déi richteg Zuelen zënter dem 1. volle Jor 2017 bis elo.
Trotzdem hun den deemolegen Transportminister François Bausch an d’Rapportrice vum Gesetzesprojet fir de Bau vum Contournement vu Käerjeng, Josée Lorsché, 2018 d’Chamber an d’ganzt Land belunn obschon se déi richteg Zuelen haten. Si soten deemols, d’NOX-Wäerter wären dramatesch geklommen a léichen um Duebelen vun den zougeloossene Wäerter, nämlech bei 80 μg/m3!!
Déi deemoleg Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat (zesummen iwrijens mam Transport- a Bauteminister Bausch) 2019, an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro bekannt gin, dass d’NOx-Wäerter vun 2016 net als Argumentatioun ze gebrauche wiren a nach géinge wesentlech erofgoen, wat jo dann och agetratt ass.
D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat hirersäits schonn 2919, an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ugekënnegt, dass d’NOx-Wäerter viraussiichtlech géingen wesentlech erofgoen, wat jo dann och agetratt ass.
2020 huet de Minister trotzdem nach eemol gelunn wéi hien an senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ouni ze zécken uginn hat, dass d’NOx-Wäerter „actuellement“ bei 57 μg/m3 géinge leien. Spéider huet hien eng „erreur matérielle“ zouginn.
Hei elo déi richteg gemoosse Wäerter:
- 2017 – 38 μg/m3 duerchschnettlech NOx-Wäerter* ,
- 2018 – 42 μg/m3 (a net wéi behaapt bei 80 μg/m3 !!)
- 2019 – 38 μg/m3
- 2020 – 29 μg/m3
- 2021 -27 μg/m3
- 2022 – 25 μg/m3
- 2023 – 20 μg/m3
- 2024 – 17 μg/m3
- 2025 – 22 μg/m3
- 2026 – 20 μg/m3 (Juni – Previsioun no 6 Méint)
Loftverschmotzung am Zentrum vu Käerjeng (sougenannt “raison imperative d’intérêt public majeur”) wuar ni eng valabel Ursaach fir déi europäesch geschützten Natura-2000-Zon (Zämerbësch a Bobësch) ze zerstéieren!
#keeContournement



