Le nouvel Infoblat N°20 d’octobre 2026 est paru ! En une, notre appel « Changeons de cap ! » demande la suspension des travaux du contournement de Bascharage jusqu’à la décision du tribunal. Nous l’avons lancé avec le Mouvement Écologique et natur&ëmwelt Kordall, et Greenpeace Lëtzebuerg le soutient. Au sommaire également : les nuisances persistantes de KRONOSPAN, notre visite du crassier d’Ehlerange, nos démarches concernant l’étude Kordall et les mesures de compensation. Vous y trouverez aussi notre randonnée champignons avec Fernand Schiltz le samedi 31 octobre. À noter dès maintenant : les 25 ans de BIGS les 17 et 18 avril 2027 au Hall Poly de Sanem !
Kategorie: Newsletter
BIGS Newsletter N°20 (LU/DE)
Daat neit Infoblat N°20 vum Oktober 2026 ass do! Op der Säit 1 steet eisen Appell „Mir mussen ëmdenken“ zum Contournement vu Käerjeng. Mir hunn en zesumme mam Mouvement Ecologique an natur&ëmwelt Kordall lancéiert, a Greenpeace Lëtzebuerg ënnerstëtzt en. Weider Themen sinn d’Nuisancë vu KRONOSPAN, eis Visite vum Crassier Éilereng an déi aktuell Neiegkeeten am Kuerz&knapp. Dir fannt och d’Invitatioun op eis Pilzwanderung mam Fernand Schiltz de 31. Oktober. Save the date: 25 Joer BIGS, de 17. an 18. Abrëll 2027 an der Hall Poly zu Suessem!
BIGS Newsletter N°19 (FR)
Dans cette newsletter : la BIGS invite à une réunion d’information publique le 20 avril 2026 sur l’état du dossier Contournement de Käerjeng, expliquant pourquoi elle continue de rejeter ce projet (impacts sur l’homme et la nature, non-respect de la raison impérative d’intérêt public, compensations insuffisantes, alternatives négligées) et appelle à des dons pour financer le recours juridique. Elle présente également un extrait du rapport d’activité de son assemblée générale du 25.03.26 sur l’évolution du dossier Kronospan, avec les plaintes des habitants concernant bruit, odeurs et poussières, ainsi que les non-conformités constatées par les rapports d’expertise du ministère de l’Environnement.
BIGS Newsletter N°19 (LU)
An dësem Newsletter invitéiert d’BIGS op eng ëffentlech Informatiounsversammlung den 20. Abrëll 2026 zu Suessem iwwer de Contournement vu Käerjeng, wou d’Grënn fir de weidere Widderstand géint de Projet (Ëmweltschied, Natura-2000-Zone Bobësch/Zäemerbësch, feelend juristescht Fundament) duergestallt ginn, an et gëtt op de Prozess virum Verwaltungsgeriicht higewisen, deen den 16. Dezember 2026 plaidéiert gëtt. Zousätzlech gëtt en Update zum Dossier KRONOSPAN ginn, mat neie Feststellungen zu Nuetskaméidi, Geroch- a Stëppsproblemer souwéi de lafenden Ausaustausch mat Gemeng, Ministèren an Ëmweltkommissiounen. Zum Schluss gëtt op eng Sammlung fir d’Prozesskäschte vum Contournement higewisen an en Event iwwer sëcher Ëmgang mat Guardemaschinne den 18. Abrëll 2026 ugekënnegt.
BIGS Newsletter N°18 (LU)
An dësem Newsletter: d’BIGS berichtet iwwer eng symbolesch Bamplanzaktioun am Bobësch als Zeeche géint d’Ofholzung an d’Anerkennung vum Gebitt als Natura 2000-Zone, souwéi iwwer hire Prozess virum Verwaltungsgeriicht géint d’Regierung wéinst de Contournement-Decisiounen (mat Verhandlung den 16.12.2026). Weider gëtt d’Geschicht vun de Gasleitungsaarbechten op der Gare Suessem-Käerjeng ausféierlech duergestallt, an et gëtt op nach net erfëllt Ëmweltoplagen vu Kronospan hiwisen. D’BIGS ruft och op zu enger Sammlung fir de Prozess ze finanzéieren an invitéiert op hir Assemblée générale den 25. Mäerz 2026.
BIGS Newsletter N°17 (LU/FR)
D’BIGS informéiert datt de Bobësch, deen zesumme mam Zaemerbësch schonn de facto ënner Natura2000-Schutz steet, vun der Regierung nach net offiziell un d’EU-Kommissioun gemellt gouf, well virun der Ausklassifikatioun nach 2 Ha Bësch fir de Contournement solle gerodt ginn. D’BIGS erënnert un den offene Recours géint de Projet Contournement, mat enger Plädoirie den 16. Dezember 2026 an engem éischten Urteel 2027, an invitéiert op eng symbolesch Aktioun den 13. Dezember 2025 am Bobësch souwéi op hier Assemblée générale de 25. Mäerz 2026.
